Iwwert mech

 

Vun klengem un war ech vun Muppen faszinéiert a wärend Joren war ech selwer mat mengen Muppen an der Hondsschoul. Iergendwann wollt ech méi Hannergrondwëssen an hunn ugefaangen Formatiounen an dem Beräich ze maachen.

 

Fir den Numm Muppefrënd hunn ech mech enscheed well ech den Mupp als sozial Partner vum Mënsch gesinn an esou ob en Aartgerechten Ëmgang am Training hiweisen wëll. 

 

 

 

Ech schaffen net no enger fester Erzéiungs-Methode mä loossen vill Aflëss zou well ech all Hond individuell betruechten.